A7 a Richtung StadAuto op d'Kopp gaangen, Chauffer fir eng Kontroll an d'Spidol

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no 14 Auer koum et zu engem méi spektakulären Accident op der A7 a Richtung Stad.
© Domingos Oliveira

En Automobilist hat d’Kontroll iwwer säi Won verluer, wéi hie vun der Autobunn d’Sortie Mierscherbierg huele wollt. Hien ass op dëser Plaz de Rampli eropgaangen an dono huet sech säin Auto iwwerschloen. D’Gefier ass no un der Opfaart fir op d’A7 leie bliwwen.

D’Opfaart, fir vum Mierscherbierg aus op d’Autobunn ze fueren, huet dann och misste fir d’Zäit vun de Rettungs- an Opraumaarbechte gespaart ginn. Wéi et vun der Plaz heescht, wier de Chauffer eegestänneg aus sengem Auto geklommen. Hie koum fir eng Kontroll an d’Spidol.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO