Déidlechen Accident um SonndegAuto rennt a kleng Mauer op der Simmerfarm, Chauffer gëtt dout opfonnt

RTL Lëtzebuerg
Um 12 Auer ass een 82 Joer ale Chauffer op der Simmerfarm bei Habscht mat sengem Gefier an eng kleng Mauer gerannt.

D’Rettungsekippe konnten op der Plaz just nach den Doud vum Mann feststellen. D’Streck war deen Ament fir den Trafic gespaart. Fir déi genee Doudesursaach festzestellen, gëtt eng Autopsie gemaach.

An der Fiels an der Mierscher Strooss ass kuerz no Mëtteg e Motocyclist gefall. Do blouf et beim Materialschued.

Tëschent Alschent a Wëlwerwolz ass kuerz virun 14 Auer e Motosfuerer gefall a gouf blesséiert. Dat deelt de CGDIS mat.

Back to Top
CIM LOGO