Samu am AsazAuto tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen iwwerschloen - ee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt e Sonndeg de Moien een Accident mat engem Blesséierten op der RN15 tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen.
© RTL Archiv

Wéi aus dem CGDIS-Bulletin ze liesen ass, koum et e Samschdeg den Owend géint 23.30 zum Accident, bei deem en Auto op der Kopp gelant ass. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Am Asaz waren nieft dem Samu-Noutdokter vun Ettelbréck och d’Pompjeeë vu Feelen an d’Rettungsekippe vum Zenter Nordstad.

Back to Top
CIM LOGO