Ze vill gedronkAutomobilist hat Rout Luucht op der Escher Strooss an der Stad ëmgerannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi am Bulletin vun der Police ze liesen ass, waren an der Nuecht op en Donneschdeg nach weider dräi Persounen opgefall, déi ze vill gedronk haten.

Géint 5.30 Auer en Donneschdeg ass enger Patrull an der Stad opgefall, datt eng Rout Luucht op der Kräizung Route d’Esch a Salzhaff ëmgerannt gouf. Net wäit ewech konnten d’Polizisten dann den Auto, dee wuel an dësen Accident verwéckelt war, lokaliséieren. De Chauffer war awer net méi a sengem Gefier. Dëse konnt no kuerzen Ermëttlungen awer erëmfonnt ginn an alles huet drop higedeit, datt de Mann vill ze vill gedronk hat. En Alkoholtest wollt hien awer net maachen. Wéi vum Gesetz virgesinn, huet hien dowéinst e Fuerverbuet ausgestallt kritt. D’Beamten hunn dann och de Permis agezunn.

Dann huet d’Police nach weider dräi Automobiliste kontrolléiert, wou et Indice gouf, datt si ze vill gedronk haten. An zwee Fäll, zu Konter an zu Käerjeng, hunn d’Chaufferen zwar eng Strof misste bezuelen, konnten de Permis awer halen. Zu Mäerzeg dogéint war d’Resultat awer esou héich, datt och de Permis fort war.

Back to Top
CIM LOGO