
Éischten Informatiounen no hat en Automobilist, deen a Richtung Kielen ënnerwee war, eng 100 Meter hannert dem Rond-point d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, a krut doropshin e Bam ze paken. De Mann gouf blesséiert. Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, waren nieft der Ambulanz aus der Stad an de Pompjeeë vu Kielen a Mamer och den Helikopter vun der Air Rescue op der Plaz.
E weideren Accident mat enger blesséierter Persoun gouf et dann um 16 Auer op der N31 tëscht Péiteng an Nidderkäerjeng. Hei waren zwee Autoen aneneegerannt. Nieft der Ambulanz aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren och d’Pompjeeë vu Péiteng am Asaz.