Tëscht dem Stafelter an EesebuerAutomobilist no Accident e Sonndegowend mat Trakter schro verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et e Sonndeg géint 18 Auer zu engem uergen Accident tëscht engem Auto an engem Trakter um CR119.

Och de CGDIS hat dëse Virfall am hirem Bulletin stoen, d’Police huet elo Detailer. En Automobilist war éischten Informatiounen no vum Stafelter a Richtung Eesebuer ënnerwee, wéi hien an enger Kéier d’Kontroll iwwer säi Won verluer huet. Dobäi krut hien en Trakter ze paken, dee grad deen Ament entgéintkoum.

De Chauffer am Auto gouf schro verwonnt a koum an d’Spidol. D’Streck war wärend den Opraumaarbechte komplett fir den Trafic gespaart an d’Police technique gouf op d’Plaz geruff.

© Domingos Oliveira

Back to Top
CIM LOGO