Tëscht Groussbus a ViichtenAutomobilist steiert säi Gefier an de Gruef

RTL Lëtzebuerg
Aus bis elo nach ongekläerter Ursaach huet e Méindeg an der Mëttesstonn en Automobilist um CR306 d'Kontroll iwwer säi Won verluer.
© Domingos Oliveira

Dobäi ass d’Gefier de Rampli erofgaangen. Blesséiert gouf, wéi et vun der Plaz heescht, keen. D’Police ass am Asaz, fir de Verkéier ze reegelen, wann d’Depanneuse an den Asaz kënnt. Am Traficinfo war ze liesen, datt eng Spuer op dëser Plaz zou war.

Back to Top
CIM LOGO