
En Automobilist hat an enger liichter Lénkskéier d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer a war vun der Strooss ofkomm. Dobäi huet sech de Won e puer Mol iwwerschloen, éier en an engem Feld zum Stoe komm ass. Wéi et vun der Police heescht, koum de Chauffer fir eng Kontroll an d’Spidol. De CGDIS schwätzt vun engem Blesséierten.