
E Chauffer hat an enger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säin Auto verluer a war mat dësem iwwer d’Ofspärung geflunn. Hien ass schliisslech mat sengem Gefier nieft de Beem un d’Stoe komm. De Mann koum fir eng Kontroll an d’Spidol.
D’Strooss gouf nom Accident fir den Trafic gespaart.
Zu Diddeleng gouf géint 16 Auer an der Rue de Libération ee Kand vun engem Auto ugestouss. Derbäi gouf d’Kand verwonnt.
Um 16.09 Auer war et tëscht der Schanz a Wuelper d’Kollisioun vun 2 Autoen. Derbäi goufen 3 Persoune blesséiert. D’Strooss war een Ament a béid Richtunge gespaart