
Et ass positiv ervirzehiewen, dass keen Alkoholtest positiv ausgefall ass, an deementspriechend och kee Fürerschäin huet mussen agezu ginn. A 4 Fäll gouf et Infraktiounen am Zesummenhang mam Code de la route. Wourëm et sech do gehandelt huet, präziséiert d’Police net.
Op anere Plaze waren d’Automobilisten awer net sou brav, sou z.B. zu Useldeng, zu Waasserbëlleg an op der A7, wou an 3 Fäll huet mussen de Fürerschäin agezu ginn, well d’Automobilisten ze vill gedronk haten.