
E Méindeg de Moie koum et kuerz no 8 Auer zu Schuller an der Duelemerstrooss zu engem méi uergen Accident. En Auto war hei an eng Mauer gerannt. D’Automobilistin, déi a Richtung Käerjeng ënnerwee war, huet aus nach net gekläerte Grënn, wéi d’Police schreift, an enger Rietskéier d’Kontroll iwwer hire Won verluer an ass géint eng Mauer vun engem Gaart gerannt. Dobäi gouf d’Fra schwéier verwonnt. D’Strooss huet misste wärend de Rettungsaarbechte fir den Trafic gespaart ginn.
Zu Ierpeldeng un der Sauer ass dunn am Laf vum Méindegowend en Auto opgefall,deen am Zickzack ënnerwee war. Eng Patrull huet d’Gefier gestoppt an dem schwéier alkoholiséierte Chauffer de Permis provisoresch ofgeholl.