
Tëschent Munneref a Réimech koum et zu engem uerge Verkéiersaccident, bei deem eng jonk Fra liewensgeféierlech blesséiert gouf. Wéi d’Police matdeelt, hätt d’Fra kuerz virun 18.30 Auer op der naasser Strooss d’Kontroll iwwert hiert Gefier verluer an ass an de Gruef geroden. Den Auto huet sech iwwerschloen an d’Automobilistin gouf am Auto ageklemmt. Si huet misse vun de Pompjeeën aus hirem Gefier erausgeschnidde ginn a koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d’Spidol. D’Police judiciaire huet d’Spueresécherung opgeholl, fir de genauen Virgang vum Accident nozevollzéien.
D’Nout- a Rettungsdéngschter mellen, datt d’Rettungsdéngschter vu Réimech a Schengen esou wéi den Noutdokter vun Esch op der Plaz waren.