E Samschdeg de Moien zu EschAutosaccident mat zwee Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Géint 7.40 Auer war et e Samschdeg de Moien zu engem Accident mat zwee Autoe komm.
© RTL-Archivbild

An der Rue Victor Hugo zu Esch waren e Samschdeg de Moien zwee Autoen net laanschtenee komm. Bei der Kollisioun goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz war eng Ambulanz an de CIS vun Esch.

E Freideg den Owend war et da géint 17.45 Auer zu engem Accident komm. En Auto war op der Streck tëscht Lëpschent an der Giewelsmillen accidentéiert. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanz aus der Nordstad an de CIS Buerschent.

Donieft mellt de CGDIS nach en Auto, deen e Freideg den Owend géint 18 Auer um Houwald an der Rue des Scillas gebrannt huet. Op der Plaz war de CIS Lëtzebuerg. Hei ass keng Persoun zu Schued komm an et ass beim Materialschued bliwwen.

Schliisslech ass et dann um Sonndegnomëtteg zu engem Accident mat engem Blesséierten an der Dikrecher Strooss zu Veianen komm. D’Pompjeeë vu Veianen an d’Ambulanz aus der Nordstad waren hei am Asaz, nodeems sech zwee Autoen ze pake kruten.

Back to Top
CIM LOGO