
Recken bei Miersch ass mat sengen eppes méi wéi 600 Awunner u sech eng éischter iwwerschaubar Uertschaft. Ma et gëtt awer ee gewëssen Duerchgangstrafic. Dat och an der Rue de Septfontaines. Well sech dacks net un d’Vitesslimitatioun gehale géif, fuerderen eng Partie Awunner Mesuren, fir d’Gefierer an der Entrée vum Duerf auszebremsen. Ma si beschwéiere sech, datt se bei de Gemengeresponsabelen op daf Ouere stousse géingen. Déi spille sech iwwerdeems de Ball mat Ponts et chaussées Hin an Hier.
Si géing zanter 60 Joer zu Recken wunnen, 17 dovunner an der Rue de Septfontaines an et wier ëmmer méi schlëmm ginn, esou d’Véronique Siebenaller. Si hätt kee Problem domadder, datt vill Autoen duerch d’Strooss fueren, ma déi misste sech awer un d’Vitesslimitatioun vu 50 Kilometer an der Stonn halen. Déi laang riicht Streck géing d’Chaufferen allerdéngs dozou motivéieren, entweder ze séier an d’Duerf eran ze fueren oder beim erausfueren a Richtung Hunnebuer ze fréi op d’Gaspedall ze trëppelen. Et hätt ee sech och schonn un d’Gemeng adresséiert, ma déi géing direkt ofwénken.
“D’Mierscher Gemeng seet, mir sinn net à même, do eppes ze maachen, well et eng Staatsstrooss ass. Ponts et chaussées seet, mir kréie keen Terrain, fir eng Stroosseverengung, respektiv Inselen ze maachen. Mä et gi bëlleg an einfach Moyenen, déi een an aneren Dierfer, anere Gemengen, anere Länner gesäit, déi net vill kaschten an déi immens effikass wieren.”
Konkret mengt si Knubbelen, déi an der Strooss festgeschrauft ginn an iwwert déi d’Autoen da fuere mussen an dowéinst méi lues maachen. Ponts et chaussées wieren awer dogéint an zwar mam Argument, datt dofir déi ganz Strooss misst opgerappt ginn. De Mierscher Buergermeeschter Michel Malherbe confirméiert, datt mat Ponts et chaussées un enger Verengung vun der Strooss geschafft gouf, mä een déi néideg Terraine bis elo nach net huet. D’Stroossebauverwaltung wier effektiv géint esou Knubbelen. Firwat, präziséiert de Gemengepapp awer net. Ma och de Michel Malherbe ass net wierklech waarm fir déi Iddi.

“Ma ech mengen dat ass schonn ee Punkt, wou Ponts et chaussées och dogéint ass, fir Huwwelen an ee Chemin repris ze setzen. Bon ech denke lo einfach un de Wanter, wa Schnéi géif falen, wann d’Schëppen da kommen, da rappe se et wech. Et mécht och Kaméidi, déi Leit, déi do wunnen, mussen dat wëssen, dat klaakt, et mécht Kaméidi. An anere Quartieren, wou mer dat gemaach hunn, sinn d’Leit onzefridden, datt mer déi dohi gestallt hunn.”

Vu Ponts et chaussées heescht et iwwerdeems op Nofro hin, datt et ëm een Tronçon géing goen, deen an enger Uertschaft läit. Dowéinst kéint just eppes geännert ginn, wann d’Gemeng eng Ufro mécht. Ob d’Stroossebauverwaltung wierklech géint Knubbelen an der Strooss ass a falls jo, firwat, konnte mer kee vun de Responsabele froen.