Abroch zu SchraassegAwunner hunn Abriecher iwwerrascht an u Flucht gehënnert

RTL Lëtzebuerg
Duerch den Asaz vun Awunner vum Haus, an dat d'Abriecher agedronge waren, konnten déi zwee Täter vun der Police verhaft ginn.

Wéi d’Police schreift, gouf et um Samschdeg den Owend géint 21.30 Auer en Abroch an d’Éiterstrooss zu Schraasseg. Zwee Täter waren an d’Garage vun engem Haus agedrongen, sinn awer geflücht, wéi si matkruten, datt d’Bewunner si erbléckst hunn. Ma d’Bewunner wollte si net einfach esou fortlafe loossen a sinn den Abriecher nogelaf. An engem Feldwee konnte si ee vun hinne stellen a festhalen, bis d’Patrull vun der Police op d’Plaz koum.

Eng zweet Patrull, déi alarméiert gouf, konnt den zweete Verdächtegen ermëttelen a festhuelen. Wéi béid Tatverdächtegt duerchsicht goufen, konnten e Messer, eng Wodkasfläsch an eng gréisser Zomm Sue fonnt ginn. Den Ermëttlungen no stamen dës aus engem aneren Abroch an e Bistro an der Rue de la Gare zu Éiter. De Parquet huet ee vun de Verdächtege verhafte gelooss an deen hat e Sonndeg de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Déi zweet Persoun, ee Mannerjärege, koum, well et schonn eng Decisioun vum Geriicht géint de jonke Mann gouf, an de Centre socio-éducatif, éier hien op Uerder vum Parquet op Schraasseg verluecht gouf.

Eng onroueg Nuecht fir d’Beamten

An de leschte 24 Stonne gouf d’Police am ganze Land 60 Mol geruff, well d’Nuetsrou gestéiert gouf oder well et zu Streidereie koum. An de meeschte Fäll awer hat sech d’Situatioun scho berouegt, wéi d’Beamte vun der Police op d’Plaz koumen. Soss konnten d’Beamten d’Situatioun meeschtens op der Plaz klären.

Ausnam war eng Situatioun an der Bieleserstrooss zu Esch. Hei hunn d’Beamten eng staark alkoholiséiert Persoun ugetraff, déi zimmlech aggressiv war. Well et de Polizisten net gelongen ass, si ze berouegen, koum se, fir auszeniichteren a fir vun engem Dokter kontrolléiert ze ginn, an de Passagearrest.

Eng änlech Situatioun gouf et virun engem Bistro zu Péiteng an der Route de Longwy. Hei haten d’Beamten déi alkoholiséiert Persoun opgefuerdert, fir d’Plaz ze verloossen. Dëst huet de Mann awer net gemaach a gouf nach méi aggressiv a méi haart. Och hie koum an de Passagearrest, fir säi Rausch auszeschlofen, nodeem hie vun engem Dokter ënnersicht gouf.

Back to Top
CIM LOGO