
Géint 4.30 Auer huet d’Fra komesch Geräischer un hirer Wunnengsdier héieren. Si huet gemierkt, dass do een um Schlass hantéiere géif.
Si huet doropshin zum Telefon gegraff, huet der Police ugeruff an dobäi ganz haart ëm Hëllef geruff. Esou krut si den Onéierleche verdriwwen, deen dat wuel matkritt hat a geflücht ass.
Eng Sichaktioun vun der Police hat kee Succès.