
Ewéi d’Police mellt, hat eng Automobilistin hei aus bis ewell ongekläerter Ursaach d’Kontroll iwwert hiren Auto verluer, an ass mat dësem an e Bam gerannt. Hiren 38 Joer ale Bäifuerer ass trotz enger Versuergung duerch den Noutdokter nach op der Plaz gestuerwen*. D’Fuererin selwer gouf liicht blesséiert.
Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police op der Plaz.
*An enger éischter Versioun vum Policebulletin stoung nach, dass et sech beim Doudesaffer ëm eng 26 Joer al Fra gehandelt hätt.