
Dat entsprécht engem Taux vun 8%.
Fir d’Joren 2018 an 2017 bleiwen nach eng 9.500 Dossiere vun de Beamten opzeschaffen.
Dës net ofgeschlossen Dossiere setze sech zesummen aus Deklaratiounen, déi entweder nach net eragereecht goufen, déi mat Retard erakoumen oder déi nach traitéiert ginn.
An der Moyenne erfält d’Joer bei engen 35.000 Dossieren eng Steierschold, déi iwwer 50.000 Euro läit.
Duerch eng motivéiert Demande kann den “Delai de paiement” dann awer nei fixéiert ginn: tëscht 2017 an 2021 goufen eng 17.000 Demandë positiv beäntwert.
Dës interessant Chifferen iwwert d’Steierschold vis-à-vis vun der Steierverwaltung, respektiv d’Delaie liwwert d’Finanzministesch Yuriko Backes. Basis ass eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.