
Dës Chiffere mellt Eurostat a bezitt sech op entspriechend Enquête vum Statec. Gefrot goufen eng 4.000 Stéit mat 10.000 Leit, sou datt d’Ëmfro als representativ ka bezeechent ginn.
Deemno lieft bal all sechsten Awunner an enger Wunneng déi als “insaluber” ka bezeechent ginn.
D’Ministere Kox a Fayot äntweren, datt d’Äntwerten an der Statec-Enquête subjektiv gewiescht wieren; Experte wieren net gefrot ginn, och hätten et keng Analysen an dëse Wunnengen ginn.
Et wier awer kloer, datt Stéit mat wéineg Revenuen och meeschtens mat Wunnenge geheit wieren, an deenen net gutt an ongesond ze wunnen ass.
Wéi vill verlount Wunnengen op Basis vum Gesetz vun 2019, dat d’Standarde vu Salubritéit an Hygiène festhält, zougemaach goufen, kënnen d’Ministeren net soen.
Dëst Gesetz an de Reglement Grand-Ducal iwwert déi sougenannt Kaffiszëmmere sollen deemno nach emol adaptéiert ginn, fir de Realitéiten um Terrain Rechnung ze droen.