Nei CaritasBal dat ganzt Personal wäert iwwerholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Bal dat ganzt Personal vun der Caritas wäert vun der neier Entitéit iwwerholl ginn.
© Jeannot Ries

Vun 390 Mataarbechter mat Lëtzebuerger Kontrakt wäerten awer eng 20 bis 30 Persounen net méi Deel vun der neier Struktur sinn. Dat deelt den OGBL e Méindeg no enger Entrevue mam Comité de crise mat.

Déi Leit, déi riskéieren hir Aarbecht ze verléieren, schaffen am internationale Beräich. Si geréiere vun hei aus Missiounen am Ausland. Fir déi betraffe Mataarbechter verlaangt den onofhängege Gewerkschaftsbond Léisunge respektiv e Sozialplang.

Eng Doleance vum Personal wier och déi, datt déi aktuell Direktiounsmemberen net sollen iwwerholl ginn. Sou wéi een déi Responsabel vum Comité de crise verstanen hätt, wier dat och esou, datt fir si keng Plaz méi an der neier Caritas wier, sou de Smail Suljic vum OGBL.

Eng gutt Nouvelle wier déi, datt d‘Salairë fir de Mount September assuréiert wieren. De Mount dono soll d‘Personal scho vun der neier Entitéit bezuelt ginn. Déi nei Caritas dierft elo ganz séier gegrënnt ginn, sou nach den OGBL.

Back to Top
CIM LOGO