D’Këschte si gepackt. Zanter bal véier Méint scho sëtzt d’Yvonne Da Fonseca mat hiren dräi erwuessenen Duechteren, déi nach studéieren, op gepaakte Wallissen. Si sicht no enger neier Wunneng. D’Appartement, an deem si wunnt, soll ofgerappt ginn, fir en neie Projet.
Dass si mat hirer Invaliderent vun eppes iwwer 2.000 Euro eppes géing fannen, dorunner huet déi 50 Joer al Fra selwer ni wierklech gegleeft. “D’Immobilienagencen hu mech net emol zréckgeruff”, sou d’Yvonne Da Fonseca. 30 Joer laang huet si als Botzfra geschafft, nach wou si scho schwéier krank war. Zanter Mee 2023 ka si net méi schaffen a waart op eng Longentransplantatioun.
“Aarmut mécht krank a Krankheet mécht aarm”, faasst et eng Fra aus dem Office Social Nordstad zesummen. D’Yvonne Da Fonseca huet et awer ëmmer fäerdegbruecht, hire Loyer ze bezuelen, seet si. Hëllef ugefrot fir de Loyer hätt si ni. Aner Sozialhëllefen awer schonn. Dat mat der Hëllef vun enger Sozialaarbechterin, well si gemierkt hätt, dass si et eleng net packt. D’Demarchë fir Hëllef unzefroen, erlieft si als schwiereg.
E Bréif, dee si am August krut, war dogéint awer kloer. Si an hir Duechtere mussen aus der Wunneng, an där si zanter 20 Joer lieft, eraus. Viru Geriicht krut si awer e Sursis accordéiert. Méi spéit e weideren. Esou e Sursis wier awer ëmmer och u Konditioune gebonnen, erkläert hiren Affekot, de Marc Walch. Et misst ee weiderhi säi Loyer bezuelen a substantiell Demarchë maachen, fir eng nei Wunneng ze fannen. Dat huet d’Yvonne Da Fonseca och permanent gemaach. Och en drëtte Sursis géing hir wuel nach zougestane ginn, mengt den Affekot, deen och de Courage vu senger Cliente lueft. Si hätt sech u sämtlech Institutioune geriicht a mat aller Kraaft probéiert, um normale Marché eppes ze fannen, sou den Affekot.
Fir d’Yvonne Da Fonseca sollt d’Geschicht awer gutt ausgoen an hiren Engagement sech lounen. Rezent huet den Office sociale Nordstad hir matgedeelt, dass een eng Wunneng fir si fonnt hätt. “Mat vill Chance an Zoufall”, ënnersträicht de Responsabele vum Office social Nordstad, den Alain Lenertz. Den Office social Nordstad huet de Moment 119 Wunnengen, 49 dovunner Gemengewunnengen, 70 an der Gestion locative sociale. Dat heescht, dass Privatleit hinnen dës fir e gewëssene Präis iwwerloossen, fir se ze geréieren. “Mir hunn aktuell eng Waardelëscht vun 276 Stéit. Dat stellt ronn 700 Leit duer”, mécht den Alain Lenertz op d’Drénglechkeet vun der Situatioun opmierksam. Domat wier d’Fro, ob et genuch Sozialwunnenge ginn, kloer ze beäntwerten: “Et ass definitiv net genuch do.”