
Kuerz virun 20 Auer sinn op der A31, tëscht der Diddelenger Grenz an Hettange/Kanfen/Volmerange zwee Autoen anenee gerannt. Wéi de CGDIS mellt, goufen zwou Persoune verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg, grad ewéi eng Ambulanz vun Diddeleng.
Genee eng Stonn méi spéit sinn nach emol zwee Autoen net laanschtenee komm, dat op der A3, Héicht Diddeleng. Och hei goufen zwou Persoune verwonnt. Nees waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg gefuerdert. Als Ënnerstëtzung koum déi Kéier awer eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng.