
Jo wann d’Wieder emol eng Zäitche waarm a sonneg ass, wat jo nach net allzedacks dëst Joer de Fall war, da mussen d’Baueren op hir Felder.
D’Aarbechte mam Méidrescher héingen nämlech gutt hannendran, heescht et an engem Message vun der Bauerenallianz. An dësem freet een dann och no Versteesdemech, dass déi Aarbechte musse gemaach ginn, och eben alt um Weekend oder owes.
Leider géif der Gewerkschaft vun de Baueren ëmmer méi dacks vu Fäll gezielt ginn, wou Bierger ebe kee Versteesdemech dofir hunn, a wou alt mol Spannungen entstinn.
Et wier ee sech bewosst, dass e Méidrescher Kaméidi a Stëbs mécht, mä et wier net anescht méiglech.
D’Baueren-Allianz mécht dofir en Appell fir e bessert Verständnis a Respekt ee géintiwwer deem Aneren.