
Dat mellt de Statec an engem Communiqué. Grond heifir wier wuel e generelle Recul vun de Präisser am Réibau mat gläichzäitege Präishaussen am Beräich vun den techneschen Installatiounen.

Wärend d’Präisser am Réibau wéinst engem generelle Manktem un Demande zeréckgaange sinn, sinn d’Präisser besonnesch bei de sanitären Installatiounen (+1,8%), Heizungen a Ventilatiounen (+2,1%) oder elektreschen Installatiounen (+3,5%) geklommen.