Top Secret: De Service de Deminage vun der ArméiBausse verrascht a banne wéi nei - Munitioun aus dem 2. Weltkrich

Dan Wiroth
Vill vun der Munitioun, déi vun den Demineuren traitéiert gëtt, gëtt bei de Leit doheem an de Kelleren oder Späichere fonnt.
Top Secret: De Service de Deminage vun der Arméi
Bausse verrascht a banne wéi nei - Munitioun aus dem 2. Weltkrich

De SEDAL, de Service de Deminage, ass eng Unitéit vun der Lëtzebuerger Arméi, där hir Missioun et ass, de Lëtzebuerger Territoire vun aler Munitioun aus dem éischten an zweete Weltkrich ze sanéieren. All Joer ass dëse Service, deen aus 14 Mann besteet, dovunner néng Demineuren, bei ronn 250 Interventiounen am Asaz. Si raumen an zerstéiere pro Joer tëschent 5 an 10 Tonnen aler Munitioun, déi hei am Land am Bleesdall kontrolléiert gesprengt gëtt, wann d’Sprengung manner wéi 3 Kilo Sprengstoff Charge huet. Bei Iwwer 3 Kilo Charge gëtt d’Munitioun kontrolléiert op engem Militärterrain an der Belsch gesprengt.

Déi 5 bis 10 Tonnen Munitioun, déi all Joer fonnt ginn, sinn awer net nëmme grouss Fligerbommen. De SEDAL këmmert sech ëm all méiglech aner fréier Munitioun. Dat geet vun der einfacher Kugel, laanscht Handgranaten, bis zu de Mortieren oder anert Geschoss.

Bausse verrascht awer banne wéi nei

Bommen aus dem zweete Weltkrich, dat si richteg Zäitbommen. Am Joer 2022 goufen am Februar an am September zwou amerikanesch Fligerbommen op engem Chantier beim Pont Büchler ausgegruewen. Eng vun 1.000 Pond an eng vu 500. D’Chargë vun dësen zwou Bomme si bei 125 Kilo Sprengstoff, respektiv 63 Kilo. Dofir gouf deemools e groussraimege Perimeter ofgespaart. Den Zuchtrafic sou wéi de Fluchtrafic huet missen ënnerbrach ginn. Dat nervt d’Leit, mee ass absolut noutwenneg. Wann eng dovunner beim Sanéieren explodéiert wär, wären all Fënster an engem Ëmkrees vun 300 Meter zerbrach an et wäre Spläiter bis zu 800 Meter wäit geflunn.

Hutt Dir och nach Munitioun aus dem zweete Weltkrich bei Iech doheem?

Wann een nach esou Munitioun bei sech doheem trëllen huet, da soll een de SEDAL oder den 113 kontaktéieren.

Back to Top
CIM LOGO