Aus dem PolicebulletinBeamte bei haislecher Gewalt am Asaz - Persoun an der Stad blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Iwwerhaapt haten d'Polizisten et an der Nuecht op e Sonndeg mat villen Tëschefäll ze dinn, wou Persoune gewalttäteg oder aggressiv waren.

Géint 23 Auer um Samschdeg den Owend gouf et en Asaz fir d’Polizisten zu Schëffleng. Si goufe wéinst engem Familljesträit geruff. Eng Fra hat uginn, datt si vun hirem Frënd attackéiert gi wier, si hat och eng Verletzung un der Hand. De Parquet huet dowéinst ordonnéiert, datt de Mann d’Wunneng misst verloossen. De Mann war awer weider aggressiv, och nach um Policebüro, wou hien d’Beamte beleidegt huet. Als Resultat heivunner huet hie sech am Passagearrest dierfte berouegen. Eng Plainte gouf och gemaach.

D’Police schreift dann nach vu véier weideren Asätz wéinst engem Familljesträit, woubäi an deene Fäll awer keng Persoun aus der Wunneng huet misste verwise ginn.

Iwwerhaapt stounge Streidereien a Kläppereien op der Asazlëscht vun de Polizisten aus der Nuecht op de Sonndeg. Zwee Dose Mol ware si dowéinst am Asaz, ma dacks konnt op der Plaz awer näischt méi festgestallt ginn. An zwee Fäll goufen awer Männer ugetraff, déi däitlech ze déif an d’Glas gekuckt haten. Si koumen an Arrest.

Kuerz no 4 Auer krut an der Stad an der Avenue Monterey eng Persoun hir Kopfhörer geklaut. Well d’Affer sech awer géint den Déifstall gewiert huet, huet den Täter dëst attackéiert a blesséiert, éier e fortgelaf ass. Wéi d’Police schreift, huet d’Affer verschidde Stéchverletzungen erlidden. D’Kriminalpolice huet d’Ermëttlungen opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO