Desequilibréierte BerechnungssystemBedeelegung vun de Gemengen um Fonds de l'emploi gëtt reforméiert

Roy Grotz
Et kënnt zu enger Reform vun der kommunaler Bedeelegung um nationale Fonds de l'emploi, well de Berechnungssystem vu bis ewell ongerecht ass.

Den Inneminister confirméiert et schwaarz op wäiss:

D’Zuele weisen dat aus: Sou kréie Gemenge manner Sue via d’Gewerbesteier eran, wéi se mussen an de Fonds de l’ermploi ginn: Wëntger zum Beispill kritt 1,7 Milliounen a muss 3 Millioune bezuelen, an der Stauséigemeng kommen 100.000 Euro eran a 600.000 Euro mussen an de Fong iwwerwise ginn.

Deen Desequiliber wëll de Minister Gloden duerch eng Revisioun vum Verdeelungsschlëssel an d’Riicht kréien.

Interessant dann ze kucken, wat d’Gemengen am Land iwwert d’Gewerbesteier erakréien: Dat sinn an der Stad zejoert iwwer 89 Millioune gewiescht, fir Esch 6,2 Milliounen, Hesper krut 6,4 Milliounen a Stroossen der 7. Am Kiischpelt an zu Käerch sinn et dogéint zum Beispill nëmmen 40.000 Euro an zu Reisduerf knapp 9.000 Euro.

E Ranking gëtt et och tëscht de Gemengen, wann ee pro Awunner rechent, wat aus dem kommunalen Dotatiounsfong an der Gewerbesteier an d’Gemengekeese fléisst:

Dat sinn op de Kapp an der Stad ronn 5.800 Euro, zu Esch 4.700, zu Leideleng 4.900 an zu Wanseler a Wäiswampech eng 5.200 Euro.

Am mannsten op de Kapp kommen ënner anerem zu Koplescht, Walfer, Lëntgen a Luerenzweiler mat ronn 3.600 Euro eran.

Dës Chiffere liwwert den CSV-Minister Gloden op Grond vun enger parlamentarescher Fro vum Hesper Deputé-Maire Marc Lies.

Back to Top
CIM LOGO