AktualitéitsstonnBedenke wéinst automatescher Chat-Kontroll, Jonk musse geschützt ginn

Claudia Kollwelter
D'Kanner a Jugendlecher mussen am digitalen Raum viru Mëssbrauch geschützt ginn, mee wéi dat soll geschéien, do ginn et Bedenken.

Dat war ee vun de Faziter vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, an där et ëm déi sougenannten Chat-Kontroll gaangen ass - eng EU-Propos, déi virgesäit, datt d’Kommunikatioune vun de Messenger-Servicer automatesch kontrolléiert ginn.

Den Online-Kannermëssbrauch muss natierlech ënnerbonne ginn, hunn all d’Deputéiert ënnerstrach. Sou och de Ben Polidori vun de Piraten, déi dës Aktualitéitsstonn ugefrot haten. Ma dat Ganzt wier net sou onproblematesch:

“Fir ze garantéiere, datt privat Chatter och privat sinn, musse se verschlësselt ginn. Anescht kann net ausgeschloss ginn, datt Drëtter dës matliesen, Informatiounen, Fotoen oder Videoe klauen. Wann esou Message solle gescannt ginn, ginn et zwou Méiglechkeeten: Entweder et programméiert een en Universalschlëssel, mat deem een d’Verschlësselunge vun de Messagen opkritt oder d’Message ginn matgelies, ier se verschéckt ginn.”

Béides wiere schlecht Iddien, well wann een déi Dier bis op mécht, se fir jiddereen op wier an och géif bleiwen. D’Carole Hartman vun der DP huet betount, datt et hei ëm Grondrechter geet:

“Dateschutz, Privatsphär an eng fräi Meenungsäusserung. Dat heescht, och fräi ze sinn, seng Messagen, Videoen a Fotoen ze echangéieren, ouni dat dës kontrolléiert ginn.”

Wéi eng Positioun d’Regierung dozou hätt, wollten all d’Deputéiert iwwerdeems wëssen. D’Justizministesch Elisabeth Margue huet betount, datt een nach ëmmer skeptesch wier:

“Et ass awer ze begréissen, datt eng nei Approche presentéiert gëtt, déi méi cibléiert ass. Mir kruten den éischten Deel vun engem Text, wou et ëm déi sougenannten ‘Detection orders’ geet an dat kucke mir am Detail.”

Zil wier, en Text ze hunn, deen d’Grondrechter respektéiert an, op där enger Säit d’Kanner schützt, op där anerer awer och d’Privatsphär vun de Leit. D’Justizministesch huet donieft präziséiert, datt si nächst Woch an deem Kontext eng Reunioun mat BeeSecure am Kanner- a Jugendtelefon huet.

Back to Top
CIM LOGO