Enseignantsgewerkschaft SNEBedenke wéinst deenen neie Léierpläng

Jean-Marc Sturm
Fir d'Schoulrentrée 2026/2027 sollen nei Léierpläng an der Grondschoul gëllen.
© Envato Drazenphoto

Bedenke bei der Enseignantsgewerkschaft SNE wéinst deenen neie Léierpläng

Et geet ëm véier Themefelder, op déi d’Schüler solle preparéiert ginn: D’Bedeelegung, d’Méisproochegkeet, d’Wuelbefannen an dat Digitaalt. Bei der Enseignantsgewerkschaft vun der CGFP, der SNE, huet ee Bedenken.
D’Ziler, déi ee mat deenen neie Léierpläng wëll erreechen, géifen op d’mannst an der Theorie gutt kléngen, esou d’SNE. Dat Ganzt géif awer d’Strooss net halen, well déi ganz Diskussioun ze wäit ewech vun de konkreten Defien um Terrain an der Realitéit wier.

D’Enseignante wiere genuch gefuerdert, fir de Kanner de beschtméiglechsten Unterrecht ze ginn. Fir un deenen neie Léierpläng ze schaffen, géif séier wéineg Zäit bleiwen. Derbäi géifen et genuch aner Problemer ginn, déi ze léise bleiwen.

Et wier och villes ze abstrakt. Esou zum Beispill d’Entwécklung vum Kand zum Weltbierger oder d’Notioun vum Wuelbefannen.

D’Alphabetiséieren op Franséisch gëtt och a Fro gestallt. Fir d’Enseignantsgewerkschaft vun der CGFP misst d’Méisproochegkeet erhalen a gefuerdert ginn. Et ass ee sech beim SNE awer och bewosst, datt de sproochlechen Hannergrond vun de Kanner ëmmer méi zur Erausfuerderung gëtt.

Problemer gesäit een da weiderhi beim Iwwergang vum Fondamental an de Secondaire, esou den SNE-President Patrick Remakel. “Dat hate mer gesinn, dass dat eng Katastroph ass, wéi mir mat den neie Bilanen, mam Ofschafe vun de Punkten... do hunn d’Lycéeën agefouert, de Kanner ze erklären, wat Punkte sinn. Dat heescht wann een eng Reform mécht fir d’Educatioun, da muss een déi Reform vu ganz vir bis ganz zum Schluss iwwerdenken.”

Et géif och elo nees ze vill Stéck fir Stéck iwwerluecht ginn. Mat den neie Léierpläng géifen et nei Ziler ginn, déi net genuch mam Secondaire ofgeschwat wieren, fir Koherenz an de ganze System ze kréien.

D’Leit am Enseignement géife sech och do net mat an d’Boot geholl fillen.

Back to Top
CIM LOGO