De CGDIS melltAm Ganze sechs Blesséierter a fënnef Accidenter um Freideg

Tom Nols
Nieft den Accidenter, an déi zum Deel och Motorrieder verwéckelt waren, ass och eng Persoun ugestouss ginn. Ausserdeem hat et dräimol gebrannt.
© Laurent Weber

Chauffer zu Rodange misst aus Auto geschnidde ginn

Géint 11:30 Auer huet an der Rue de Lasauvage zu Rodange en Automobilist d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass frontal an e Bam gerannt. De schwéier blesséierte Chauffer huet missen aus sengem Gefier erausgeschnidden an d'Streck gespaart ginn. Op der Plaz waren de Samu vun Esch, souwéi d'Ambulanz an d'Pompjeeë vu Péiteng.

Kuerz viru Mëtteg hate sech zu Nacher Am neie Wee eng Camionnette an e Motocyclist ze pake kritt. D'Pompjeeë vu Géisdref an d'Ambulanciere vu Réiden un der Atert waren do am Asaz.

Um 14:30 Auer ass op der Escher Strooss zu Hollerech eng Persoun ugestouss ginn. D'Stater Secouristen hunn no der Persoun gekuckt.

Tëscht Capellen a Mamer am Beräich vun der Autosbunnsbréck war et wéineg méi spéit zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer komm, bei där dräi Persoune blesséiert gi sinn. D'Pompjeeën an zwou Ambulanze vu Mamer waren op der Plaz.

E weideren Accident tëscht engem Auto an engem Moto war et géint 15:15 Auer tëscht Siren a Conter. Eng Persoun ass dobäi verwonnt ginn, am Asaz waren d'Pompjeeë vu Mutfert an d'Stater Ambulancieren.

Damp an engem Gebai zu Esch

Donieft huet et dräimol gebrannt. Zu Ierpeldeng bei Ettelbréck war um 11 Auer An der Gewan eng landwirtschaftlech Maschinn a Brand geroden. D'Pompjeeë vun Angelduerf an aus der Nordstad ware läschen.

Um 11:20 Auer gouf an der Porte des Sciences zu Esch-Uelzecht Damp an engem Gebai gemellt. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Esch, grad esou wéi d'Pompjeeë vum Zenter Sadiff hu sech drëms gekëmmert.

Tëscht Beefort an Haler war et géint 14:30 Auer e Vegetatiounsbrand, dee vun de Beeforter Pompjeeë geläscht ginn ass.

An allen dräi Fäll koum zum Gléck kee zu Schued.

Back to Top
CIM LOGO