Bei Amazon um Kierchbierg gouf um Feierdag geschafft"Prime Day" op Groussherzogsgebuertsdag

Michèle Sinner
De Commerce mécht net viru Nationalfeierdag Halt. Well den "Amazon Prime Day" op den 23. Juni gefall ass, huet beim Online-Händler och missen um Feierdag geschafft ginn. Dës Informatioun aus dem Lëtzebuerger Land krut RTL confirméiert.

Aus gewerkschaftlecher Perspektiv kéint si dat net guttheeschen, seet d’Isabel Scott, déi zoustänneg Gewerkschaftssekretärin beim OGBL.

Amazon schafft um Feierdag - Reportage Michèle Sinner

"E Feierdag, dat steet de Leit zu Recht zou a soll och respektéiert ginn. Et sief natierlech bei Urgencen an esou weider, wéi Police, wéi de Secteur hospitalier etc. kloer, wäerten och Leit op engem Feierdag schaffen. Dat kënne mer och verstoen. Ob de Prime Day elo Grond genuch ass, fir musse säi Feierdag opzeginn, sief mol dohi gestallt. Mee wann dat de Fall ass a Leit op engem Feierdag schaffen, dann hu si laut Aarbechtsgesetz Recht op Majoratioun.”

An zwar ginn déi Stonnen zu 100 Prozent majoréiert, also duebel bezuelt – dat gëllt op mannst fir déi Leit, déi net zu Kadere gehéieren. Wéi vill Leit den 23. Juni geschafft hunn, wëll Amazon op RTL-Nofro net preziséieren. Den Online-Ris schwätzt vun enger “limitéierter Zuel”. Och d’Isabel Scott wees et net.

“Mir wëssen leider net, wéi ee Statut déi Leit hunn an och wéi vill Leit am Endeffekt geschafft hunn, schwätzen mer vun engem Grapp voll, schwätzen mer vun Honnerten. Dat wësse mir à ce stade net."

Amazon seet, d’Leit hätte sech fräiwëlleg gemellt, fir ze schaffen. D’Isabel Scott ass awer kloer: “Dat mécht keen Ënnerscheed, ob ee volontéiert huet oder net. Dat ass aus engem Point de vue legal egal. Dat spillt einfach keng Roll.”

Dofir réit d’Gewerkschaftssekretärin deene Leit, déi geschafft hunn a net zu de Kaderen gehéieren:

“Déi sollen hire Paiziedel kontrolléieren an och wierklech kucken, dass déi Majoratiounen dra sinn. Sollt dat net de Fall sinn, sollte si sech un d’RH wenden, wa se do Ënnerstëtzung brauchen, kënne se och gären d'Delegatioun dobäi ruffen, fir do dat doten ze reklaméieren.”

Amazon seet, si géifen déi Leit, déi um Feierdag am Asaz waren, en ligne mam Gesetz kompenséieren.

Back to Top
CIM LOGO