Chamberbilan Déi GréngD’Staatsfinanzen alles anescht ewéi robust

Michèle Sinner
D’Deputéiert Sam Tanson huet beim Bilan parlementaire vun Déi Gréng d’Finanzpolitik vun der Regierung kritiséiert.
Vu lénks no riets: François Benoy, Stéphanie Empain, Joëlle Welfring, Sam Tanson, Serge Faber, Meris Šehović, Djuna Bernard, Josée Lorsché, Tilly Metz
Vu lénks no riets: François Benoy, Stéphanie Empain, Joëlle Welfring, Sam Tanson, Serge Faber, Meris Šehović, Djuna Bernard, Josée Lorsché, Tilly Metz
© Michèle Sinner

Beim Bilan parlamentaire huet d’Spriecherin vun deene Gréngen, Sam Tanson, d’Fro opgeworf, ob d’Regierung haut déi richteg Decisiounen fir muer géing huelen. Mat dräi Beispiller huet si beluecht, datt dat net de Fall wier.

Do wieren als éischt d’Staatsfinanzen, déi alles anescht ewéi robust wieren. D’Regierung géing zevill op kuerzfristeg Recetten setzen, wéi Sprit- an Tubaksaccisen, an gläichzäiteg d’Steieren erofsetzen. Domat géing de Spillraum zréckgoen, fir Investitiounen an ëffentlech Infrastruktur wéi Schoulen, Spideeler oder ëffentlechen Wunnengsbau.

"A grad gëschter hu mer nach vum Logementsminister an der Chamber erkläert kritt am Kontext vum abordabele Wunnengsbau, datt mir géife jo all d'Situatioun vun eise Staatsfinanze kennen. An dofir kéint een elo net méi am abordabele Wunnengsbau maache wéi dat, wat géif gemaach ginn. An dat ass genee déi Entwécklung, virun där mer warnen."

De Logement, en zweet Beispill, dat also géing weisen, datt d’Regierung net fir muer géing plangen. Eng Wunneng wier fir d’Leit, déi hei zu Lëtzebuerg schaffen, d’Grondlag, fir sech e Liewen opzebauen. Den Terrain wier awer eng begrenzte Ressource, kee Spekulatiounsobjet.

“Et kann net sinn, datt Bauland a Wunnengen iwwer Jore blockéiert bleiwen, wärend ëmmer méi Leit keng Léisung fannen. Dofir bleiwe mer der Meenung, datt déi néideg Antispekulatiounsmesuren, déi scho laang um Instanzewee sinn, musse virgezu ginn an net weider no hanne verréckelt ginn an och net verwässert solle ginn.”

D’Regierungsparteien ëmmer nees géingen soen, de Staat kéint de Logementsprobleem net eleng léisen. Mee dofir misst en ëm esou méi konsequent sinn, do wou en eng Handhab hätt.

“Dat geet iwwer legal Terrainen, iwwer legal Instrumenter, fir Terrainen ze mobiliséieren. A mir si weider iwwerzeegt, datt den ëffentleche Wunnengsbau nach méi massiv muss ausgebaut ginn. Dat ass op Dauer nämlech och déi eenzeg Méiglechkeet, fir wierklech eng Handhab um Präis ze hunn. Mir bleiwen och der Meenung, datt de Locatiounsmaart kloer Reegele brauch.”Bei der aktueller Wunnengsknappheet dierft net eleng de Marché decidéieren, wat bezuelbar wier."

Ma och bei der Klimapolitik ass d’Regierung deene Grénge net wäitsiichteg genuch. Datt de Wandel keng abstrakt Zukunftsfro wier, hätten déi lescht Wochen gewisen.

“D’Hëtztwelle weisen ons, datt mer eist Land musse virbereeden. Mir mussen ons Gemengen nei denken, méi Beem, méi Schiet, manner versigelt Fläschen am ëffentleche Raum, déi och am Summer liewenswäert bleiwen. Mee mir däerfen dobäi net de Feeler maachen, d'Klimaupassunge géint Klimaschutz auszespillen. Mir brauchen déi zwee.”

Och dat wier eng Fro vun Gerechtegkeet. Dofir fuerderen déi Gréng, datt d’Regierung méi Gas gëtt beim Leasing social fir Elektroautoen, respektiv deen och fir Wärmepompelen aféiert. D’Sam Tanson huet och déi rezent Dossieren ëm Sportsmusée, Projet Alpha oder illegal Immigratioun ugeschwat, déi eppes gemeinsam hätten

"Vill ze dacks hat een den Androck, datt Informatiounen nëmme stéckelchersweis erauskomm sinn, datt d'Parlament net ëmmer déi néideg Informatiounen hat, an datt d'Problemer éischter verwalt wéi opgekläert goufen. voire, datt een den Androck hat, datt ee wéilt der Kontroll vun der Ëffentlechkeet aus dem Wee goen, andeem ee Saachen net géing soen oder verëffentlechen.”

Ma an enger Demokratie wier Transparenz kee Luxus, mee d'Viraussetzung.

Back to Top
CIM LOGO