Minister presentéiert MesurenKlimabonus Wunnen gëtt ëm 5 Joer verlängert

Monica Camposeo
Claudia Kollwelter
De "Klimabonus Wunnen" gouf e Mëttwoch vun der Chamber eestëmmeg ugeholl an en Donneschdeg vum Ëmweltminister Serge Wilmes am Detail presentéiert.

De Bierger Planungssécherheet ginn an d'Investitiounen an energeetesch Sanéierungen, Photovoltaikanlagen a Wärmepompelen nach méi attraktiv maachen. Dat ass d’Zil vum "Klimabonus Wunnen".

D'Interessi un de Subside wier an de leschte Jore staark geklommen huet de Minister ënnerstrach. Bei den energeetesche Sanéierunge sinn d'Demandë vu ronn 300 am Joer 2020 op 780 am Joer 2025 geklommen. Nach méi markant ass d'Entwécklung bei de Photovoltaikanlagen: Hei ass d'Zuel vun den Demandë vu ronn 550 op iwwer 10.600 an d'Luucht gaangen. Zënter der Aféierung vum Regimm goufen am Beräich vun den techneschen Installatiounen iwwer 30.700 Demanden enregistréiert, dovun eleng 21.760 fir Photovoltaikanlagen.

Fir energeetesch Sanéierunge goufen zënter 2020 ronn 60,6 Milliounen Euro u Subsiden ausbezuelt. Fir technesch Installatiounen – wéi Photovoltaik, Wärmepompelen oder Holzheizungen – waren et ronn 343 Milliounen Euro. Am Ganze goufen domat an de leschte Jore bal 400 Milliounen Euro investéiert.

Mam neie Regimm sollen d'Subsiden nach verbessert ginn. Fir Wärmepompelen an Eefamilljenhaiser gëtt et elo forfaitär bis zu 10.000 oder 12.000 Euro, jee no Technologie, mat engem zousätzleche Bonus vun 2.000 Euro am Kader vun den Tripartite-Mesuren. Fir den Ausbau vum Heizungsreseau kënne bis zu 2.000 Euro dobäikommen, 1.500 Euro fir et Ewechhuele vun engem Mazoutstank an nach emol 2.000 Euro fir Haiser an enger Waasserschutzzon. Am beschte Fall kann eng Famill also bis zu 17.500 Euro Ënnerstëtzung kréien.

Eng weider wichteg Neierung ass d'Prefinanzéierung vum 1. Januar 2027 un. Amplaz datt d'Privatpersounen déi ganz Investitioun virstrecke mussen, gëtt de Subsid direkt iwwer d'Entreprise verrechent. Dëse System gëtt no de Photovoltaikanlagen och op Wärmepompelen an Deeler vun den energeetesche Sanéierungen ausgebaut. Donieft ginn nei Subsiden agefouert, ënner anerem fir d'Begréngung vu Fassaden an Diecher a fir Home-Energy-Management-Systemer, déi mat 500 Euro ënnerstëtzt ginn.

Och de ganze Prozess wäert méi einfach an digitaliséiert ginn. Déi digital agereecht Demandë fir Photovoltaik oder Wärmepompelen ginn haut an ongeféier dräi Méint behandelt, wärend et nach virun e puer Méint bis zu zéng Méint gedauert huet.

"Klimabonus Wunnen" 2026-2030: un soutien renforcé à la transition énergétique et plus de sécurité de planification (16.07.2026)

Back to Top
CIM LOGO