Feier an der Rue d’Épernay an der StadPersoun, déi wéinst Brandstëftung verdächtegt gëtt, gouf elo festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An nëmmen zwee Deeg hunn an der Stad an der Rue d’Épernay zwee Auto gebrannt. Eng verdächteg Persoun gouf elo festgeholl.
©  by Symbolfoto / Polizei Trier

E Mëttwoch den Owend géint 22 Auer gouf der Police en Auto a Brand gemellt, dat an der Rue d’Épernay an der Stad. De Brand war bei engem geparkten Auto am Beräich vum viischte Rad riets ausgebrach. Och wann d'Rettungsekippe séier agegraff hunn, ass de viischten Deel vum Gefier komplett verbrannt. Och en Auto dee virum Gefier a Brand geparkt war, gouf liicht beschiedegt. Blesséiert gouf keen.

An der Géigend vum Virfall ass d'Police op e Mann gestouss, dee schonn am Zesummenhang mat engem anere Autosbrand den Dag virdrun an der Rue d’Épernay ermëttelt gouf. Bei enger Kontroll vun der Persoun gouf dann och eng Këscht mat Fixfeier fonnt. Weider Ermëttlungen hunn erginn, dass de Verdächtegen d'Verkleedung am Beräich vum viischte Pneu beim Gefier ugefaangen huet.

Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO