
Detailer sinn nach net bekannt a wéi et heescht, huet d’Direktioun vun der Bank déi Concernéiert selwer nach net perséinlech informéiert.
D’Bank of New York Mellon huet iwweregens d’lescht Woch och hiren Numm gekierzt an heescht elo “BNY”. Et ass déi eelste Bank vun New York an ass zanter 1998 Joer mat enger Succursale hei am Grand-Duché. Dem Statec no hunn d’lescht Joer eng 310 Leit bei der Bank op der Cloche d’or geschafft.