Bal 29 Millioune PassagéierBei der Bunn kuckt ee mat Zefriddenheet op d'Geschäftsjoer 2023 zeréck

Jean-Marc Sturm
Tim Morizet
Et fueren esou vill Leit Zuch ewéi nach ni. D'CFL huet zejoert am Ganzen knapp 29 Millioune Passagéier transportéiert.
Rekordzuel u Passagéier am Zuch ënnerwee
Et fueren esou vill Leit Zuch ewéi nach ni. D’CFL huet zejoert am Ganzen knapp 29 Millioune Passagéier transportéiert.

Domat brécht een de Rekord vun 2019 ëm ronn 4 Milliounen.

29 Millioune Passagéier, op 7,3 Millioune Kilometer Trajet Schinnen d‘Joer. D‘Popularitéit vum Zuch als Verkéiersmëttel wiisst däitlech vu Joer zu Joer. Fir där Demande nozekommen, bleiwen d‘Investitiounen héich. Mat de 34 nei Coradia-Zich soll bis d‘nächst Joer d‘Capacitéit op ronn 39.000 Sëtzplaze klammen, sou de Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL:

“Déi wäerten elo ‘en service’ gesat ginn. Déi éischt elo wärend dem zweete Semester vun dësem Joer. Elleng dat bedeit e Plus vu 46% méi Plazen um ganzen Netz.”

Déi beléiftste Streck ass Lëtzebuerg-Esch-Rodange. Ma och d‘Linn 90, déi vill vu Frontaliere genotzt gëtt, wënnt zanter Joren u Popularitéit. Eng Linn, op där nom Ausbau ronderëm Beetebuerg vun 2028 un dann all 7 Minutten en Zuch vun Diddenuewen aus an d‘Stad ka fueren. Ma den Ausbau op ville Strécke bréngt Chantieren, also eng limitéiert Pünktlechkeet mat sech, erkläert de Generaldirekter:

“An der Moyenne bleiwe mer bei 90 Prozent Pünktlechkeet. Mee 2023 hate mer 94 Deeg u Streiken op der Bunn. Virun allem am Ufank an zum Schluss vum Joer. Déi Streike waren am Ausland, mee dat huet direkt e groussen Impakt op Lëtzebuerg.”

© RTL-Grafik

Och d‘CFL reagéiert nervös op d‘EU-Pläng, fir de Wee fir déi sougenannte Gigaliner fräizemaachen. Camionen, déi bis 60 Tonnen transportéiere kënnen a 25 Meter laang sinn.

“Estimatiounen an eisem Secteur soe viraus, datt bis 2030 eng Millioun méi Camionen op eise Stroossen ënnerwee sinn. Ech weess net, ob d‘Leit sech dat dobausse wënschen. Wann ee sech just op d‘Unitéit Camion fokusséiert, dann huet ee méi Produktivitéit. Mee domadder wäert ee, wann een dee Wee vum Gigaliner elo aschléit, et onméiglech maachen, den Transfert op d‘Schinn nach iergendwann hinzekréien.”

D‘CFL mécht e Véierels vun hirem Chiffre d’affaire am Fret. D’Bunn weist sech an hirer Retrospektiv zefridden par rapport zum Geschäftsjoer 2023. Fir déi drëtte Kéier hannerenee leit den Ëmsaz op de Schinne bei iwwer enger Milliard Euro. Mat 18 Milliounen Euro ass et deen zweethéchsten Nettobenefice an der Geschicht vun der CFL.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO