Wiessel am Gemengerot zu WolzBei der DP ersetzt d'Tina Weber den Duc Nguyen

RTL Lëtzebuerg
Den Urgentiste huet aus professionelle Grënn säin Amt am Wëlzer Gemengerot néiergeluecht, schreift d'DP op Facebook.
© DP Wolz

Déi nei Vertriederin am Gemengerot wëll sech kloer am Gesondheetswiesen an am sozialen Zesummenhalt an der Gemeng engagéieren. Ma och d’Kultur an d’Patrimoine culturel vun der Gemeng leien hir um Häerzen. “Duerch meng laangjäreg Beruffserfarung kann ech mäi Wësse bei de Projeten zum Gesondheetswiesen an zum sozial-familiären-Zesummenhalt aktiv abréngen”, zitéiert déi lokal Sektioun vun der DP d’Tina Weber op hirer Facebooksäit.

Back to Top
CIM LOGO