Denkmalschutz versus InclusiounBei der Trap vun der Wäicherdanger Kierch ass fir Leit mat Behënnerung Schluss

Marc Hoscheid
Zanter Januar 2022 huet Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d'Accessibilitéit vun ëffentleche Gebaier garantéiert. Ma den Denkmalschutz mécht dat deels schwéier.
© Marc Hoscheid

Esou zum Beispill bei der Kierch vu Wäicherdang, wou d’Katechetin sech schonn zanter 15 Joer fir ee behënnertegerechten Zougank asetzt. Ma nach ëmmer ass keng Léisung a Siicht.

Zu Wäicherdang trëfft Denkmalschutz op Inclusioun (Reportage Marc Hoscheid)

Am Fong ass et just ee Katzesprong vun der Marianne Schroeder-Lentz hirem Doheem bei d’Wäicherdanger Kierch. Ma well hire Mann Carlo aus gesondheetleche Grënn schlecht zu Fouss ass, kënnt hie just nach bis virun d’Trap vum Gotteshaus. Schonn zanter 15 Joer ass d’Katechetin mat der Gemeng Clierf a Kontakt. Ufank Mäerz hat si och an engem Lieserbréif am Lëtzebuerger Wort op d’Problematik opmierksam gemaach. Ma well d’Gebai aus dem Joer 1729 ënnert Denkmalschutz steet, ass et schwéier, eng Léisung ze fannen.

“Do kënnt Denkmalschutz an d’Spill an do soen déi, un der Trap duerf näischt gemaach ginn, un der Mauer duerf néierens een Duerchbroch gemaach ginn, fir vun do aus riicht an d’Kierch ze kommen.”

Déi, dat ass den Institut national pour le patrimoine architectural, kuerz INPA. D’Gemeng Clierf hat schonn 2014 Propose fir ee barrièrefräien Zougank op den Dësch geluecht, ma déi goufen als ze invasiv zeréckgewisen. Zanter 1963 steet d’Kierch ënnert Denkmalschutz, ma dem Marianne Schroeder-Lentz no ass et mam Erhalt vum Gebai awer net wäit hier.

“Et gëtt iwwerhaapt net ënnerhalen, dat ass ganz sécher. Bon, an der Kierch selwer, do hu mer der gottseidank vill, déi hëllefe botzen a restauréieren, an deem Sënn, fir alles schéi propper ze halen. Mee dat ronderëm, dat ass einfach onméiglech. Déi Mauer, déi ass effektiv e puer Mol gemaach ginn, mee déi hält nëmmen annerhalleft Joer, well alles wéi fréier mat Kallek muss gemaach ginn an da leeft Waasser dran an da fält dee ganze Buttek rëm erof.”

Op Nofro hin heescht et vum Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes, et wier een nach ëmmer a Kontakt mam INPA. D’Gemeng hätt am léifsten eng mobil Ramp, déi ee bei Bedarf installéieren an dono rëm ewechhuele kann. Ma et héiert een awer tëscht den Zeilen eraus, dat eng Léisung wuel nach net fir haut oder muer dierft sinn. D’Marianne Schroeder-Lentz huet dann och ee Verdacht, firwat dat Ganzt esou laang dauert.

“Bon et kéint eventuell sinn, well mer hei héich am Norde sinn. Ech kéint mer virstellen, wann et d’Kathedral wier, da wier well eppes gemaach.”

Back to Top
CIM LOGO