Wéinst der extremer HëtztBei dëse Gemenge ginn et Restriktioune beim Waasserverbrauch

RTL Lëtzebuerg
Héich Temperaturen heeschen dacks, dass Waasser muss agespuert ginn. Hei eng Lëscht mat deene Gemengen, bei deenen et an deem Kader Verbueter ginn.
© RTL

Et ass och vu Meteolux confirméiert: mir kommen d’nächst Woch gutt un d’Schweessen. D’Warscheinlechkeet ass grouss, datt den nächsten Dënschdeg e Peak vu bis zu 39 Grad kéint erreecht ginn.

Zanter e Mëttwoch gëllt jo ewell d’Phase de Vigilance am ganze Land, woumat appelléiert gëtt, fir ganz spuersam mam Drénkwaasser ëmzegoen an näischt ze verbëtzen. Gerode gëtt, keng Wisen ze nätzen, Autoen nëmmen a Wäschanlagen botzen ze loossen an doheem vun der Bidden op d’Dusch ëmzeklammen.

An eenzele Gemenge gëlle wéinst de knappe Waasser-Stocke souguer Mesuren, déi mat Verbueter verbonne sinn, sou zu Keel, wou d’Phase Orange dekretéiert gouf.

Verbueden ass ënnert anerem d’Autowäschen, d’Fëlle vu private Schwemmen, den Asaz vun Héichdrockbotzmaschinnen grad wéi d’Bewässeren an d’Nätzen vu Wisen, Parken a Sportsterrainen.

Aner Gemengen dierften an dës selwecht Richtung via Urgence-Reglementer geschwënn no zéien.

Hei eng Oplëschtung mat deene Gemengen, déi Verbueter a Restriktiounen erausginn hunn

- Gemeng Keel (hei ginn et weider Informatiounen)

Opgrond vun der meteorologescher Situatioun huet d’Gemeng Käl no Récksprooch mam Waassersyndicat SES beschloss, d’Phase orange iwwert de Règlement d’urgence akraaftzesetzen.

Dëst Reglement gesäit follgend Verbueter vir:

  • d’Autowäschen, ausser professionell Waschanlagen;
  • d’Wäsche vun Trottoiren, Garagen a Fassaden;
  • d’Fëlle vu private Schwemmen, an net-agebauten (opblosbar) Schwemmen oder anere Waasserinstallatiounen;
  • d’Nei-Opfëlle vu private Schwemmen;
  • d’Gebrauche vun engem Héichdrockrengeger;
  • de Fonctionnement vu Brunnen, ausser Brunne mat zouenem Kreeslaf-System;
  • d’Kille vu Liewensmëttel a Gedrénks ënnert fléissendem Waasser;
  • d’Bewässere vu Wisen, Parken, Kierfechter a Sportsterrainen, ausser et gouf kierzlech nei geséint;

Follgend Verbueter gëllen net fir Firmaen, déi op eng vun dësen Aktivitéite spezialiséiert sinn.

Back to Top
CIM LOGO