Äntwert op parlamentaresch FroBei Ëmbauaarbechte vu Villa Louvigny gouf Asbest fonnt

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Bauteministesch Yuriko Backes en Donneschdeg an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP confirméiert.
© Christophe Hochard

Nodeems de Santésministère op Hamm geplënnert ass, soll de fréiere Sëtz vun RTL als kulturelle Site ëmgebaut ginn. Déi viregt Regierung hat zejoert am Juli d’Pläng dozou virgestallt. Deen Ament wier nach näischt vum Asbest gewosst gewiescht. D’Decouverte hätt och keng Konsequenz fir de Projet, sou d’Bauteministesch.

Wéi et heescht, wier déi geféierlech Substanz op verschiddene Plazen an a verschiddener Form detektéiert ginn. Ënnert anerem an de Mauere vum klenge Studio, déi mat enger Faarf op Asbestbasis ugestrach waren an och am Keller.

Der Ministesch no, wieren d’Leit, déi fréier an der Villa Louvigny geschafft hunn, awer kengem gesondheetleche Risiko ausgesat gewiescht, well se net an direktem Kontakt mam Asbest waren. Den Ament sinn d’Aarbechten amgaang, fir de Site vun der Villa am Park ze dekontaminéieren.

Äntwert op parlamentaresch Fro N°756

Back to Top
CIM LOGO