ZeienopruffDéifstall mat Gewalt zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Zwee Männer hunn zu Ettelbréck Saachen aus engem Gefier geklaut.
© RTL Grafik

Géint 13:30 Auer e Mëttwoch krut d'Police eng Kläpperei zu Ettelbréck gemellt. Den éischten Informatiounen no hunn zwee onbekannt Männer hei e Gefier duerchwullt an eng Partie Wäertgéigestänn aus dësem geklaut. Duerno wiere si an Direktioun Haaptstrooss geflücht. De Besëtzer vum Gefier wier deenen zwee duerno zu Fouss nogaangen. Am Beräich vun der Rue Pierre Wiser hätt hie si schliisslech ageholl.

Wéi d'Affer ee vun deenen zwee Männer wollt anhuelen, ass et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung komm. Dem Verdächtegen ass et schliisslech gelongen, fortzelafen. D'Affer ass beim Tëschefall vum Knéchel blesséiert ginn an huet missen am Spidol versuergt ginn. De presuméierten Täter huet wärend senger Flucht eng Posch mat perséinleche Géigestänn vum Affer op de Buedem geheit. Dës konnt recuperéiert ginn.

Am Kader vun der Sich no deenen zwee Männer goufen ausserdeem zwee Rucksäck fonnt, vun deenen een engem vun de Verdächtege konnt zougeuerdent ginn. D'Enquête an der Affär leeft.

Méiglech Zeie vum Tëschefall si gebieden, sech beim Policekommissariat vun Ettelbréck ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 84 1000 oder via Mail un "police.ettelbruck@police.etat.lu".

Back to Top
CIM LOGO