
Ee Blesséierte gouf et deemno kuerz virun 19 Auer e Mëttwoch an der Berreggass zu Wuermer, wéi hei ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss gouf. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Wuermer an d'Ambulanciere vum Findel.
En Donneschdeg de Moie koum et da géint 7 Auer op der N26 tëscht Wolz an dem Schumannseck zu enger Kollisioun, an déi zwee Autoe verwéckelt waren. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanciere vu Clierf an d'Pompjeeë vu Wolz waren am Asaz.
Op der N12 tëscht Rippweiler a Räichel hat dann nach géint 9:11 Auer et tëscht engem Auto an engem Trakter gerabbelt. D'Rettungsdéngschter vu Miersch a vun Useldeng waren op der Plaz, et blouf beim Materialschued.
Eng Kollisioun tëscht fënnef Autoe gouf iwwerdeem géint 10:24 Auer op der A1 tëscht dem Tunnel Houwald an dem Gaasperecher Kräiz. Hei gouf eng Persoun blesséiert a vun den Ambulancieren aus der Stad versuergt. Donieft waren d'Pompjeeën aus der Stad a vun Hesper um Asaz.