
Fir dësen Anniversaire ze feieren, huet d’Associatioun zu Hollerech Beneficiairen, Mataarbechter, Benevollen a Partner op e grousst Summerfest invitéiert. Fir een Dag stoungen dobäi net déi alldeeglech Suergen, mee d’Gemeinschaft an d’Freed am Mëttelpunkt.
Et ass e Gebuertsdag, deen net nëmmen d’Geschicht vun enger Associatioun markéiert, mee virun allem déi vun de Mënschen, déi hei all Dag Hëllef, Ënnerstëtzung an en oppent Ouer fannen. Zanter 30 Joer setzt sech d’Stëmm vun der Strooss fir sozial benodeelegt Persounen an. Fir d'Alexandra Oxaceley, Directrice vun der Stëmm vun der Strooss, steet dobäi virun allem de Mënsch am Mëttelpunkt.
"Am léifsten hätt ech gehat, dat mir et net hätte misse feieren. Dat mir hätte kënne feieren, dass et eis guer net méi bréicht. Ech hunn 1998 ugefaange bei der Stëmm, dat heescht, ech sinn elo 28 Joer dobäi. Wou ech ugefaangen hunn, war ech eleng, an dunn hunn ech d‘Ekipp lues a lues opgebaut , mee ouni meng Ekipp wier ech näischt. Wat de Leit Freed mécht, ass, dass mir si aus dem Alldag eraus huelen. Ech sinn der Meenung, dass déi Leit zu der Gesellschaft gehéieren, an dass déi Leit hir Plaz an der Gesellschaft sollen hunn a mussen hunn, déi Leit sinn do a mir mussen no hinne kucken.“
Um Terrain zu Hollerech ass vun den alldeegleche Problemer fir e puer Stonne wéineg ze spieren. Ronn 650 Beneficiairen, Mataarbechter a Benevolle sinn un dësem Dag zesummekomm. Ënnert engem groussen Zelt iessen, danzen a laachen d'Leit zesummen. Concerten, Spiller, Stänn, wou Kleeder an Iesse verschenkt ginn an déi vill Aktivitéite vun de Partnerorganisatioune suergen dofir, dass d'Leit d'Méiglechkeet kréien, sech ze begéinen, sech z'amuséieren an zesumme fir e puer Stonnen den Alldag hannert sech ze loossen. Wat esou ee Fest fir si bedeit, erklären d'Beneficiairen am beschte selwer.
„Ofwiesslung, Unerkennung, Solidaritéit. D‘Leit kréien och eppes, si kréien Ofwiesslung, si kréien aner Gedanken. Gott säi Dank, das si mir hunn, well ouni déi, wiere vill Leit blöd drun.
Oh Happy Day, Happy Day. Les gens sont Happy, ils trouvent des choses gratuits.
Très satisfait, on est bien accueillit, on a bien mangé, il y a plein de stand intéressants, il y a des jeux, c‘est sympathique, un bon moment.
Et ass super, ech selwer war 5 Joer op der Strooss, ech hunn zwar elo eng Wunneng, mee wann et d‘Stëmm vun der Strooss net gi wier , da wier ech elo net méi do.
Oui, c‘est magnifique, normalement c‘est une meilleure vie pour tout le monde. C‘est une belle musique, c‘est le paradis.“
D'Besoinen hätte sech an de leschte Jore staark verännert. Nieft Mënschen ouni festen Daach iwwert dem Kapp géifen haut och ëmmer méi Persounen Hëllef sichen, déi trotz enger Aarbecht net méi iwwer d'Ronne kommen. Déi héich Liewenskäschte géifen ëmmer méi Leit a prekär Situatioune bréngen. Gläichzäiteg géif awer och d'Solidaritéit an der Gesellschaft wuessen, esou d'Alexandra Oxacelay.
"Mir hunn och vill méi Leit, déi an Nout sinn. Virun 28 Joer huet ee se just op der Gare gesinn, do waren et der puer, mir hu se kannt. Mir hu vill Working Poor, mir hu vill Migranten, vill Auslänner . Wat awer och nach geännert huet, ass d‘Gesellschaft, déi amgaangen ass sech ze änneren. Mir hunn ëmmer méi Leit, déi eis ënnerstëtzen. Mir hunn iwwer 100 Benevollen, déi eng Hand mat upaken. De Serge Tonnar ass komm, hien huet ee Lidd gesonge fir eis. Déi Solidaritéit huet geännert, dat deet gutt, dat ass schéin.“
No 30 Joer bleift d’Zil vun der Stëmm domat nämmlecht: Mënschen net op hir prekär Situatioun ze reduzéieren, mee hinnen nozelauschteren, Perspektiven ze bidden an hinnen eng Plaz an der Gesellschaft ze ginn.
D'Stëmm vun der Strooss wëll och an Zukunft net nëmmen direkt Hëllef ubidden, mee gläichzäiteg d'Sensibiliséierung fir Aarmut a sozial Ausgrenzung zu Lëtzebuerg weider stäerken.