Den Ament gammst d'Natur op Reen. Viru fënnef Joer war d'Bild en anert. Ronderëm den hallwe Juli 2021 goufen et historesch Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg. "D'Erënnerung sëtzt nach ëmmer déif", sot d'Buergermeeschtesch vu Rouspert-Mompech e Mëttwochowend. Hir Gemeng war ganz uerg vun den Iwwerschwemmunge getraff ginn. Elo kruten d'Biergerinnen an d'Bierger explizéiert, wat sech an deene leschte Jore gedoe huet, fir datt d'Waasser net méi sou vill futti mécht.
Jiddereen erënnert sech nach, wéi wann et gëschter gewiescht wier, esou d'CSV-Deputé-Maire Stéphanie Weydert. An der Gemeng, an där si 2023 nei Buergermeeschtesch ginn ass, hat d'Waasser besonnesch zu Steenem an zu Buer ganz vill Schued gemaach:
"Och wann et hei am Land zum Gléck beim Materialschued bliwwen ass, sinn d'Wonnen nach ëmmer net ganz verheelt. Eleng an der Gemeng Rouspert-Mompech goufen eng 200 Stéit, eng Handvoll Betriber, verschidde Veräiner awer och mir als Gemeng staark vum Héichwaasser getraff. D'Covidpandemie, déi bis dohinner eisen Alldag quasi bestëmmt huet, ass bal an den Hannergrond geréckelt."
Haut wier d'Gemeng besser op Héichwaasser oder Staarkreen virbereet. Et goufen ënnert anerem Réckhaltebecken, Dämm a Mauere gebaut. Et goufen 20 Zentimeter-Kaarten ausgeschafft, déi, wann d'Sauer klëmmt, de Leit weisen, vu wéini un hiert Doheem betraff ass an et goufen individuell Berodungen. Am Ganze sinn 278 Moossnamen analyséiert.
Eng Léier, déi d'Gemeng gezunn huet, ass, datt se anescht muss bauen:
"Mir hunn de Centre polyvalent zu Buer missen ofrappen. Build Back Better, dat ass d'Devis vum Inneministère an dat maache mir och am Kader vum neie Projet um Campus Buer. Elo entsteet um Site ronderëm d'Bestandsschoul zu Buer en neie Campus mat engem Centre polyvalent an enger Erweiderung vun der Schoul, déi allebéid 70 Zentimeter iwwert dem Peegel vum Summer 2021 leien an d'Technik ass och an den ieweschten Etage gelagert."
Och wann een elo besser op d'Waasser virbereet ass, hätt een am Léifsten, datt et ni méi esou Iwwerschwemmunge géif. Dat ass awer net realistesch. D'Buergermeeschtesch, mä och den Ëmweltminister Serge Wilmes hunn ënnerstrach, datt et net d'Fro ass, ob et nächst Iwwerschwemmunge gëtt, mä wéini, datt se kommen:
"Dat heescht, mir wäerten mat Héichwaasser konfrontéiert ginn. Et wäert erëm eng Kéier Staarkreen op eis duerkommen. An et wäerten natierlech och Hëtzwelle gi, wéi mer elo erlieft hunn virun zwou Wochen, mir liewen elo elo nach ëmmer an engem waarme Wieder. Dat sinn alles natierlech Phenomeener, déi awer ganz kloer duerch de mënschgemaachte Klimawandel verstäerkt gi sinn. Dat ass eppes, wat d'Wëssenschaft kloer etabléiert huet a wat se engem och Joer fir Joer rappeléiert."
De Serge Wilmes ënnersträicht datt de Klimawandel keng Fatalitéit ass, an datt all eenzelen eppes dogéint kann ënnerhuelen.