Tëscht 100.000 an 200.000 EuroBeim CDMH zu Diddeleng solle Suen hannerzu gi sinn

RTL Lëtzebuerg
Den Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana confirméiert d'Recherche vum Lëtzebuerger Wort och RTL géintiwwer.

De fréiere President vum Centre de documentations sur les migrations humaines am Gebai vun der Diddelenger Gare Usines gëtt verdächtegt, Suen hannerzunn ze hunn. De Schued gëtt op 100.000 bis 200.000 Euro geschat.

De Schäfferot vun der Südgemeng, de Kulturministère an de Verwaltungsrot vum CDMH hunn iwwer hir Affekoten allkéiers Plainte gemaach.

De fréiere President, e pensionéierte Fonctionnaire, hat Enn Oktober zejoert demissionéiert a sech selwer och bei der Police wéinst Verontreie vu Sue vum Veräin denoncéiert. Dat geet och aus engem Schreiwes vun der Diddelenger Gemeng ervir, dat RTL virläit.

De concernéierte Ministère léisst zesumme mat der Gemeng onofhängeg d’Gestioun an d’Gouvernance vum Zenter iwwerpréiwen. Bei deem Audit soll dem Wort no och erausfonnt ginn, wéi d’Sue verschwanne konnten a wéi vill genee.

Back to Top
CIM LOGO