Expat Day zu LëtzebuergBekanntschafte schléissen a méi iwwer Lëtzebuerg gewuer ginn

Tim Morizet
Et ass d‘Verspriechen no engem Sprong an der Karriär. Zanter Joerzéngten zitt Lëtzebuerg Expats aus der ganzer Welt un.
Expat Day zu Lëtzebuerg
Et ass d‘Verspriechen no engem Sprong an der Karriär. Zanter Joerzéngten zitt Lëtzebuerg Expats aus der ganzer Welt un.

Wien duerch d‘Stied zu Lëtzebuerg trëppelt, héiert se ëmmer méi: d‘Sproochen aus der ganzer Welt. Längst ass d‘Englesch zu enger vun den Haaptsproochen an der Haaptstad ginn. Souguer wann een am Café säi Béier bestellt. Um Expat Day an der Stad versammele sech zanter dem leschte Joer dausende Leit, fir nei Bekanntschaften ze schléissen an och fir e bësse méi iwwer Lëtzebuerg gewuer ze ginn.

D’Cordula Schnuer, Mat-Organisateurin vum Event: “Et ass Business-Networking, et ass Logement, et ass Educatioun. Et ass wierklech e bësse vun allem. Och Tourismus. Et ass alles do. Et ass esou e Kontaktpunkt, fir d‘Leit, fir d‘Land z’entdecken, awer och fir sech géigesäiteg kennenzeléieren. Mir hoffen, datt mer hei eng Atmosphär kreéieren och fir eng international Communautéit, déi extreem divers ass.”

Lëtzebuerg gëllt zanter éiweg als Melting-Pot vun de Kulturen. Net just wéinst den zéngdausenden Däitschen, Belsch a Fransousen, déi all Dag iwwer d‘Grenz pendelen, ma och wéinst den Expats, déi sech, haaptsächlech beruffsbedéngt, am Grand-Duché niddergelooss hunn. Lëtzebuerg als neit Doheem.

E puer Stëmme vun der Plaz: “Et ass einfach, sech zu Lëtzebuerg Doheem ze fillen. Et ginn iwwerall sou vill verschidde Sprooche geschwat – et fillt ee sech net eleng.“ - „Lëtzebuerg huet eng wonnerschéin Haaptstad. Se ass kleng, mee et ass eppes lass. D‘Integratioun ass einfach. Ech si gären hei.“ - „Lëtzebuerg ass besonnesch fir Jonker mega intressant, déi vun der Uni kommen an Erfarung am Ausland sichen. Mee de Logement ass wierklech e Problem fir jiddereen.“

Vun de ronn 670.000 Awunner am Grand-Duché si méi ewéi 300.000 Expats. Also expatriéiert Leit, déi mëttlerweil zu Lëtzebuerg wunnen. Si maache souguer 70% vun den Awunner an der Stad aus. Ma Lëtzebuerg steet a grousser Kompetitioun mat Mailand, Paräis a London.

Nei Steiermesure sollen et den Expats an Zukunft méi schmackhaft maachen, op Lëtzebuerg schaffen ze kommen. Op der Finanzplaz gëtt aktuell souguer bis erof an Indien no qualifizéiertem Personal gesicht.

Back to Top
CIM LOGO