
Bei der spéiderer Kontroll vum Auto konnten d’Beamte staarke Cannabisgeroch feststellen, deen aus dem Auto koum. Den Drogentest vum Chauffeur op der Plaz an d’Duerchsiche vu sengem Auto ware positiv a gouf protokolléiert.
Bei enger Vitesskontroll op der A13 op der Héicht vu Suessem gouf en Auto gestoppt, dee mat 159 Stonnekilometer, amplaz den erlaabten 110 Stonnekilometer ënnerwee war. No enger kuerzer Poursuite gouf de Won vun der Police op der Héicht vun enger Tankstell zu Käerjeng ugehalen. Bei der Kontroll koum de Beamten e staarke Cannabisgeroch aus dem Auto entgéint. Den Drogentest ass positiv verlaf, beim Duerchsiche gouf näischt fonnt. De Chauffeur gouf protokolléiert.
An der Nuecht op e Mëttwoch ass der Police dann nach op der A4 Héicht Croix de Hollerich en Auto gemellt ginn, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. Kuerz drop gouf den Auto zu Bartreng ugehalen. De Mann hat ze vill gedronk, den Test war positiv, e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.