Opruff vun der PoliceBesëtzer vu Géigestänn gesicht, déi wuel geklaut goufen

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun Ermëttlunge sicht d'Police no de Besëtzer vun enger Rei Géigestänn, dorënner e Vëlo, Sonnen- a Liesbrëller an eng Posch.

Wéi d’Police schreift gouf am Raum Wolz e Vëlo fonnt, dee warscheinlech geklaut gouf. D’Police sicht an deem Kontext nom Besëtzer. D’Police freet den oder d’Besëtzer vum Vëlo sech beim Policebüro Ardennes ze mellen. Dat per Telefon iwwer den (+352) 244 89 1000 oder per Mail u police.ardennes@police.etat.lu.

D’Besëtzer vun deenen anere Géigestänn, also d’Sonnen- a Liesbrëller, grad ewéi d’Posch, si gebieden, sech bei der Police judiciarie per Mail op spj.rgb@police.etat.lu ze mellen.

Back to Top
CIM LOGO