ImkerBesonnesch nohalteg Beienzuucht géint d'"Varroa destructor"

RTL Lëtzebuerg
Varroamilbe maachen de Beien an Imker d‘Liewe schwéier. Viru 40 Joer gouf et déi éischt zu Lëtzebuerg.
Besonnesch nohalteg Beienzuucht géint d'"Varroa destructor"
Varroamilbe maachen de Beien an Imker d‘Liewe schwéier. Viru 40 Joer waren déi éischt zu Lëtzebuerg.

Zanter 30 Joer versicht een zu Lëtzebuerg, mat enger gewësser Beienzuucht d‘Hunnegbeie resistent ze maachen an dat mat enger nohalteger Method, wou ee sech op d‘Kraaft vun de Beie konzentréiert

Déi Varroamilben, déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, heesche Varroa destructor. Wéi den Numm et scho verréit, zerstéiere si d‘Beievollek. Méi genee iwwerdroe se Viren, déi dofir suergen, dass d‘Beien nëmme kuerz liewen, deforméiert Flilleke kréien an d‘Orientéierung verléieren. Wa sech dëse Virus ausbreet, kann ee Beievollek bannent puer Deeg komplett ausstierwen, erkläert de Pol Bourkel, President vum Kantonalveräin Veianen

“Mir haten, wann ech elo gutt informéiert sinn, 2013/2014 ganz vill Beievëlker verluer, well d‘Medikamenter net méi richteg gewierkt hunn an no a no sinn ech och méi an d‘Beienzuucht erakomm an do hunn ech gemierkt, hei wann et do een anere Wee gëtt, firwat kanns du dat net esou probéieren. Ech kann Hänn a Féiss an d‘Feier leeën, hei zu Veianen behandelt dräi Véierel vun de Leit keng Bei méi a si iwwerliewen.“

Dofir gouf eng speziell Zort Beien erugeziicht, déi resistent ass a sech elo mat anere Beie kräize soll, fir dës Resistenz weider ze ginn. Dës Beie mussen dann net méi mat Medikamenter behandelt ginn a kréien och soss keng Krankheete méi, esou de Beruffsziichter Paul Jungels, well si erkennen d‘Varroamilben um Geroch.

“Virun allem awer erkenne se, wann do eppes net normal ass. Wann eng Varroamilb zum Beispill erageet a si versicht, sech ze vermehren do dran, da maachen d‘Beien déi Zellen op, si huelen d‘Popp eraus an da gëtt d‘Varroamilb an hirem Vermehrungszyklus gestéiert.“

Dës Zuuchtaarbecht ass “Open-source“, domat hätt all Imker Zougang zu der Methodik an dem Zuuchtmaterial. An de leschte Joer hätte sech vill Imker dësem Zuuchtprogramm ugeschloss, wouduerch ee bis ewell gutt Resultater erreecht, a just nach wéineg Varroabefäll registréiert hätt.

Back to Top
CIM LOGO