Nei Campagne vum EducatiounsministèreBesser "Screen-Life-Balance" fir Kanner duerch méi Sport

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den Educatiounsministère d'Handy-Notzung an de Schoulen nei gereegelt huet, soll d'Bildschiermzäit vun de Kanner lo duerch Sport reduzéiert ginn.
Nei Campagne vum Educatiounsministère: Besser "Screen-Life-Balance" duerch Sport
Nodeems den Educatiounsministère d’Handy-Notzung an de Schoulen nei gereegelt huet, soll d’Bildschiermzäit vun de Kanner lo duerch Sport reduzéiert ginn.

Manner Zäit um Ecran verbréngen a méi an der realer Welt, dat ass de Message vum Educatiounsministère, den elo d’Campagne “Screen-Life-Balance” lancéiert huet. Etüden no hunn de Konsum vu Smartphonen an Ecranen nämlech negativ Auswierkungen op déi physesch a mental Gesondheet vu Kanner a Jugendlechen. Dowéinst solle si d’Méiglechkeete kréien, sech wärend an no der Schoulzäit ze begéinen, ze beweegen, kreativ ze sinn an eppes ze erliewen, fir manner Zäit um Smartphone an de soziale Medien ze verbréngen.

Eng besser "Screen-Life-Balance" fir Kanner duerch méi Sport a Beweegung
Dat ass d’Zil vun enger neier Campagne vum Educatiounsministère.

Mat Aktivitéiten, déi sozial Interaktiounen an d’Entwécklung vu wichtege Kompetenze stäerken, wëll den Educatiounsministère bei Kanner a Jugendlechen e gesonden Equiliber tëscht Smartphone a realem Liewe bréngen. Am Secondaire classique a général soll zum Beispill eng zousätzlech Stonn Sport fir d’Klasse vu 6ième a 5ième an de Stonneplang integréiert ginn. Och an de Grondschoule sollen iwwer d’Maison-relaisen zwou Sport- a Beweegungsaktivitéiten den Dag ugebuede ginn. Dofir soll och personell opgestockt ginn. Den Educatiounsminister Claude Meisch:

“Natierlech wäerte mir do zousätzlech Sportsproffe mussen astellen, dee Programm ass och lancéiert, natierlech brauche mir och méi Infrastruktur dofir, wou mir net esou schnell kënne reagéieren, wou mir awer natierlech och da musse kucken, opaner bestoend Infrastruktur ewéi op Aussesportanlagen och mol punktuell kënnen zréckzegräifen.”

Fir d’Kanner vum Ecran ewechzekréien, sollen awer net just sportlech Aktivitéiten ugebuede ginn. D’Plattform “Culturama”, wou Kënschtler de Schoule Projete kënne proposéieren, soll ausgebaut ginn.

“Aner Initiative sinn zum Beispill déi, fir et ze erméiglechen, dass och vu Baussen Acteure kommen, déi dann e kulturelle Projet, an der Schnëttstell vu Musek, Theater an Danz och kënne mat der Schoulklass oder mat der Schoul och kënnen op d’Bün ze bréngen.”

Och d’Raimlechkeete vu Grondschoulen a Lycéeë sollen iwwerduecht ginn. D’Gäng, d’Openthaltsraim an och de Schoulhäff wieren dacks eidel an et géing u Liewe feelen, bedauert den Educatiounsminister.

“Mir wëllen d’Lycéeën invitéieren zesumme mat de Schülerinnen a Schüler flott Konzepter ze entwéckelen, hinnen awer och d’Moyenen ze ginn, finanziell Ressourcen ze ginn, fir déi ze realiséieren, fir dass de Schoulgank oder de Préau, wann d’Wieder zum Beispill schlecht ass, mee natierlech och de Schoulhaff invitéiert, fir eppes Flottes ze maachen. Fir Kicker ze spillen, fir Ping Pong ze spillen, wat och ëmmer. Mee déi Iddi soll net vun eis kommen, déi soll net vum Minister kommen, net vum Direkter, net vum Proff kommen, déi solle vun de Jonke selwer kommen.”

Och d’Konzept vun de Bëschcrèchë soll nach eemol méi gefërdert ginn.

“Et ass ee Konzept, wat steet, wat seng Preuve gemaach huet an ech mengen, mir sollte méi op deen dote Wee goen an dofir wäerte mir mat Gemengen zesumme kucken an och mat Träger vun de Crèchen - souwuel deenen konventionéierte wéi privaten - kucken, fir d’Bëschcrèchëkonzept nach emol méi no vir kënnen ze stellen a méi Bëschcrèchen ze offréieren.”

Weider Mesurë vum Educatiounsministère sinn ënnert anerem d’Activity Box, eng Këscht voller Familljenaktivitéite fir Doheem, an de Beweegungstrulli, engem Weenche mat Material fir 80 Aktivitéiten, déi net vill Platz an Usproch huelen.

Och de Service national de jeunesse wäert seng Offer u Sportsaktivitéiten ausbauen, souwuel bei den Dagesaktivitéite wéi och bei de Kolonien. Och um Geesseknäppche wäert ee Projet mat Aktivitéite ausgeschafft ginn, fir d’Sportinfrastrukture wärend de schoulfräien Zäiten ze notzen. E Modell, deen an enger zweeter Phas och op de Süden a Norde vum Land ausgeweit soll ginn.

© MENEJ

Link: Dat ganzt Schreiwes vum Educatiounsministère zu der neier Campagne.

Back to Top
CIM LOGO